| Motivatioun an Ziler
Op deser Säit wollten mär kuerz drop hinweisen, dass eis Kanner während hierer Zirkuszäit ganz vill an der Schoul geléiert hunn, well Zirkus heescht net "Rambazamba maachen fir dass d'Leit sech duerno gudd amüséieren"!
Eng Zirkusvirstellung preparéieren bedeit d'Kanner ganzheetlech ze begleeden d.h. all hier Fähegkeeten z'entweckelen an ze fuerderen:
- motoresch Fähegkeeten (Akrobatik, Jongléieren, Balance, Danzen, asw.)
- emotional a psychesch Fähegkeeten (Angschtiwwerwannung, Stäerkung vum Selbstwertgefill, asw.)
- sozial Fähegkeeten (Gruppendynamik, Ennerstetzung, Hellefstellung, Vertrauen, Verantwortung, asw.)
- kognitiv Fähegkeeten (Choreographien léieren a verhalen, Texter léieren, asw.)
- kreativ Fähegkeeten (Requisiten bastelen, Decor, Biller môlen, asw.)
- Net ze vergiessen ass dee wichtegsten Aspekt, de Motivatiounsfaktor "SPAASS"! D'Spillschoul an d'Léieren an der Spillschoul sollen Spaass maachen an mär hoffen dass eis Kanner dess wichteg Zäit a gudder Erennerung wäerten halen an ee gudden Batz Selbstvertrauen dobäigewonnen hunn?
- Integratioun an Akzeptanz: am Zirkus gett et keng Schwächten, jiddfereen fennt seng Plaz mat senger Perséinlechkeet a mat sengen Stäerkten
Hei sinn e puer Stechwierder, déi eis bei der Planung vun eisem Projet besonnesch um Häerzen lungen:
- eppes Neies kennenléieren (Zirkuswelt, eng aaner Form vun Schaffen a Léieren)
- seng Grenzen erliewen an iwwerwannen (z.B. op Stelzen treppelen, falen an erem opstoen, asw.)
- Perséinlechkeet entweckelen a stäerken (z.B. Kanner hunn hir Rollen selwer erausgesicht an sech lues a lues domat identifizéiert)
- Kierpergefill entweckelen (z.B. Bauchdänzerinnen, Akrobatik um Velo, asw.)
- "Schauspielerei" (z.B. Clownen schaffen vill mat Mimik a Gesten)
- Angschtiwwerwannung (Fakir mam Nolbriet, Seeldänzerinnen an Héicht, Angscht virum Publikum, asw.)
- Stäerkung vum Selbstvertrauen deurch Erfollegerliewnisser (d'Kanner kréien vermettelt, dass si duerch fläissegt Üben an Eiergäiz vill erreechen, "jiddfereen kann eppes", d'Opféierung an den Applaus vum Publikum stäerkt d'Selbstvertrauen op eng Art a Weis, déi an der Schoul kaum méiglech ass!)
- En eemolegt spannend Erliewnis fir d'Kanner an d'Jofferen!
- Stäerkung vum Grupp (z.B. Akrobaten mussen sech 100% openeen verloossen a vertrauen fir hir Pyramid, an engem Grupp ass een fir deen aaneren do!)
- Stäerkung vum Team (d'Jofferen hunn deen ganzen Projet zesummen erschafft a gemierkt dass esou een groussen an opwännegen Projet elleng guer net méiglech gewiecht wär! Mär wuaren motivéiert ewéi mär ugefaangen hunn, mee mär sinn elo nach méi gestäerkt an motivéiert ewéi virdrun!)
Ee groussen MERCI un all déi Leit, déi eis ennerstezt hunn ...
|
|